Kënzeg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kënzeg
Thumb
An anere Sproochen fr.: Clemency
de: Küntzig
Gemeng Kënzeg
Buergermeeschter Jeannot Jeanpaul
Kanton Kapellen
Awunner
Fläch km²
Koordinaten 49° 35’ 49’’ N, 5° 52’ 28’’ O
Awunner (Gemeng) 2.185 (Mäerz 2007)
Fläch (Gemeng) 1.453 ha
Uertschaften - Gemengen - Stied

Kënzeg, fir d'Awunner Kéinzig, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat deemselwëchte Numm.

D'Gemeng ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.

[Änneren] Uertschaften an der Gemeng

  • Kënzeg mat dem Uertsdeel Schockmillen oder och nach op der Schock genannt
  • Féngeg, (de: Fingig)

[Änneren] Geographie

D'Gemeng Kënzeg (orange) am Kanton Kapellen (rout)
D'Gemeng Kënzeg (orange) am Kanton Kapellen (rout)

Kënzeg läit op der belscher Grenz no bei de Quelle vun der Äisch, an op der Waaserscheed vum Anzochsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.

Säin héchste Punkt ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m. NN.

Kënzeg huet ee ländleche Charakter an et fënnt een nach 14 Bauerebetriber an der Gemeng mat 1.017 ha Akerfläch, dovun 565 ha Wisen a Perchen. 26.5% vun der Gemengefläch si Bëscher.

[Änneren] Noopeschgemengen

[Änneren] Geschicht

Di éischt Spur vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt gin ass an déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.

Wopen

Wope vu Kënzeg

Kënzeg huet säi Wopen duerch een Arrêté ministériel vum 19. Oktober 1982 kritt.

En ass zesummegesat aus dem ale Wopen vun den Häre vu Kënzeg (Faarf vum Feld, d'Baarwen an d'Kräizer), an deem vun der Vogtei Lëtzebuerg (déi dräi Tierm).

Beschreiwung vum Wopen:

Um sëlwere Feld, zwéi Baarwen déi sech de Réck dréinen, mat véier klenge roude Kräizer mat gespëtztem Fouss, de Kapp vum Feld blo, mat enger sëlwer Paart mat dräi Tierm.

[Änneren] Buegermeschteren

  • Heinen Félix
  • Kirsch
  • Hirtz Antoine
  • Jeitz Guillaume
  • Helbach Marcel
  • Fred Reuter
  • Daniel Hautus
  • Jeannot Jeanpaul (zënter 2007)

[Änneren] Bevëlkerungsstruktur

(Mäerz 2007)
Vun den 2 185 Awunner sinn 512 Auslänner (23,4%) vun 30 verschidden Nationalitéiten:

1 673 Lëtzebuerger,
172 Belsch,
124 Portugisen,
61 Fransousen,
50 Italiener,
28 Däitscher,
21 Chinesen
---

[Änneren] Jumelagen

Kënzeg ass jumeléiert mat Gaflenz an Ueweréisträich am Distrikt Steyr-Land

[Änneren] Gemengesyndikater

D'Gemeng Kënzeg ass Member a folgende Syndikater: SES, SIDOR, SICEC, SIGI, SYVICOL, SICONA-Ouest, Minett-Kompost, SIDERO.

[Änneren] Veräinsliewen

Fräscheskulptur zu Kënzeg
Fräscheskulptur zu Kënzeg
  • Entente des Sociétés
  • De Fräizäit-Sport Kéinzeg ass eng Associatioun an der Gemeng Kënzeg. Si organiséiert sportlech Aktivitéiten am net-compétitive Beräich (Fräizäit-Sport). De Veräin gouf den 1. Dezember 1981 gegrënnt.
    Dës Aktivitéite ginn ugebueden: Footing, Cyclotourissem, Fitness, Seniore-Gym.
  • Päerds an Traktersfrënn - Kéinzig
  • De Foussballclub Étoile Sportive Clemency
  • Harmonie Clemency

[Änneren] Kuckenswäertes

D' Maximäin-Kapell an déi fréier Wëll Lann
D' Maximäin-Kapell an déi fréier Wëll Lann
  • Déi Wëll Lann, ee vun den eelsten a déckste Beem zu Lëtzebuerg. Déi Wëll Lann huet de Stuerm vum 25. Juni 2006 leider net iwwerlierft.
  • D' Maximäin-Kapell (Kënzeg) nieft der Lann.

[Änneren] Literatur

  • Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech) : ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire : vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck